Wëllkomm


Häerzlech wëllkomm um Site vun der Schoul-Ettelbréck!


Aktuell News | Archiv


2024-07-04
Hei gesitt dir d'Gewënner vun eisem interne Molconcours vum Schouljoer 2023-2024.
D'Thema war dëst Joer "Fortbeweegungsmëttel aus der Zukunft".
Insgesamt kënnen 24 Kanner sech iwwert ee flotte Bong freeën deen se bei dësem Concours gewonnen hunn.
An der Gallerie kënnt Dir Iech déi verschidden Gewënner ukucken.
2024-04-15

Ëmmer am Stress:

Schoul, Tester, Training, Prouf,…keng Zäit fir ze chillen.

Wat wier dat flott einfach relax am Bett ze leien a just brauchen z’iessen!

Am Schlaraffeland ass dat méiglich! Mee ëmmer nëmmen iessen a schlofen an iessen a schlofen…dat ass och Stress! Wou bleift dann do de Spaass, d’Action, d’Ofwiesslung?

Loosst iech vun den Ettelbrécker Schoulkanner aus dem C 4.1 iwwerraschen.

E Musical op d’Been gesat vun der Ettelbrécker Grondschoul.

Gespillt gëtt am CAPE :

Donneschdes, den 23. Mee 2024: Moies um 10.00 Auer an Owes um 19.00 Auer

Freides, den 24. Mee 2024: Moies um 10.00 Auer

Dauer : +/- 50 Minutten

2024-03-03

Och d'Ettelbrécker Schoul huet mat 10 Kanner aus dem Cycle 4 un der First Lego League deelgeholl. Hei konnte flott Erfarunge gesammelt ginn. Op der Competitioun huet de Grupp et fäerdeg bruecht 220 Punkten ze sammelen a sinn domadder 27. vu 50 Equippe ginn. Et war ee super Evenement fir jiddereen an et freet een sech well op Editioun 2025.

Merci geet un: Mara, Tatiana, Julia, Kati, Ayrom, Soham, Tun, Elano, Jim an de Lyam.

2024-03-02

D’Kanner aus dem Cycle 4.2 hu wärend puer Woche fläisseg gebastelt a gebitzt. Ausserdeem hunn se Kichelcher gebak a Knippercher gerullt an dës voller Stolz op hirem Chrëschtmaart am Preau vun der Ettelbrécker Primärschoul verkaaft. Hei konnt een all dës Saache bewonneren a kafen, sech bei gudder Stëmmung dat engt oder anert schmaache loossen an do dobäi nach puer flott Präisser gewannen. 3700 EUR sinn esou innerhalb vun 2 Stonnen zesummekomm, déi d’Kanner an hier Enseignantë mat voller Freed der Asbl Wonschkutsch iwwerreecht hunn.

Foto: ©Ville d'Ettelbruck

2023-07-11

Hei sinn Gewënner vum Molconcours zum Thema Kannerrechter aus der Schoul Ettelbréck. An der Galerie fannt dir ëmmer déi 1. an 2. Plaz aus all Cycle.

2023-05-08

D' Schüler aus dem Cycle 4.1 vun der Schoul Ettelbréck invitéieren op hire Musical den 25. Mee am CAPE. Reservatioune kënnt Dir maachen iwert scolaires@cape.lu oder den Telefon 268121-307

Hei well de Flyer an den Trailer dovunner:

2022-11-23

Uewen am Menü kennt dir op den Wiki vum Schoulgaart goen an iech informéieren watfireng Aktivitéiten bei eis am Gaart lafen.

Vill Spaass beim Kucken :)

2022-11-22

Ettelbrécker Schoul huet sech och un der Laola-Well fir UNICEF bedeelegt fir op Kannerrechter op der Welt opmierksam ze maachen. Hei fannt dir den Video. D'Ettelbrécker Schoul kennt ab Min 3:06.


Nächst Lescht

Login


@education Tools


    
 




Teachers' Corner


Läscht Neiegkeet:
2022-01-20 15:19:08

Läschte Rapport:
2024-09-15 16:30:58

Button

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche

News Feed (RSS)

Unseren Feed öffnen / abonnieren

Erklärungen (Win / Mac)