D' Schüler aus dem Cycle 4.1 vun der Schoul Ettelbréck invitéieren op hire Musical den 25. Mee am CAPE. Reservatioune kënnt Dir maachen iwert scolaires@cape.lu oder den Telefon 268121-307
Hei well de Flyer an den Trailer dovunner:

Uewen am Menü kennt dir op den Wiki vum Schoulgaart goen an iech informéieren watfireng Aktivitéiten bei eis am Gaart lafen.
Vill Spaass beim Kucken :)
Ettelbrécker Schoul huet sech och un der Laola-Well fir UNICEF bedeelegt fir op Kannerrechter op der Welt opmierksam ze maachen. Hei fannt dir den Video. D'Ettelbrécker Schoul kennt ab Min 3:06.
Hei een Artikel zu der Spend vun der Ettelbrécker Grondschoul un UNICEF.
Uewen am Menü kennt dir op den Wiki vun der Art à l'école goen an iech duerch déi verschidden Konschtwierker klicken vum läschten Joer.
Vill Spaass beim Kucken :)
BELIEVE IN YOURSELF
D’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Schoul Ettelbréck invitéiren op hir Concert-Show „Believe in yourself“, wou si zesummen mam Sänger Khalid Oke, engem fréiere Schüler aus der Schoul Ettelbréck, sangen an danzen.
Den Erléis vun der Concert-Show gëtt un d’UNICEF gespent.