Konterbont
e faarwege Musical
Alles schwaarz, wäiss oder gro - dat ass langweileg. Nëmme rout, blo oder giel? Ass och net vill besser.
Sou wéi am richtege Liewen, kënnen och am Musical KONTERBONT d'Faarwen nëmmen existéieren, wa si een deen aneren akzeptéieren a wertschätzen.
Dëst Stéck ass ee Märchen, dat weist, wéi wichteg eng konterbont Gesellschaft ass a warnt virun de Geforen vun der Vereenheetlechung.
Well… nëmmen zesummen ass et nach méi schéin!
Eng ronn 90 Kanner aus dem Cycle 4.1 aus der Ettelbrécker Grondschoul hu mat vill Motivatioun an Ausdauer Lidder, Dänz an Theater astudéiert fir dëse faarwege Musical op d‘Bün ze bréngen.
Dauer: +/- 45 Min.
Opféierung am CAPE:
· Donneschdes, den 21.05.2026 um 19.00 Auer











